D’Gläichstellung vun de Geschlechter spigelt sech op allen Niveauen an der Gemeng erëm.

Ënnerschiddlech Accèse fir ënnerschiddlech Zilgruppen

Dir fannt hei ënnen dräi verschidden Accèsen, fir dräi verschidden Zilgruppen.

Wielt wgl. deen Accès um Site aus, deen am beschten zu Ärer perséinlecher Siichtweis oder berufflecher Situatioun passt.

POLITESCHEN ACCÈS

Wëllt Dir déi Haapt-Themen an Aktiounen a Saache Gläichstellungspolitik um lokale Plang gewuer ginn?

ADMINISTRATIVEN ACCÈS

Wëllt Dir eppes zu de verschiddenen Moossnamen fir d'Ënnerstëtzung an d'Bäihëllef a Saache Gläichstellung um lokale Plang gewuer ginn?

ËFFENTLECHEN ACCÈS

Wëllt Dir méi gewuer ginn iwwert d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter um lokale Plang?

Preparéiert Ären Aktiounsplang

Den Engagement fir eng aktiv Politik zugonschte vun der Gläichstellung vun de Geschlechter hëlt eng Gemeng op fräiwëlleger Basis. De Ministère fir d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter an der Diversitéit offréiert säi Rot an eng finanziell Ënnerstëtzung.

weider liesen

En interaktive Guichet fir d’Stäerke vun der Gläichstellung vun de Geschlechter op lokalem Niveau

Wëllkomm op der Websäit vum Team fir d'„Promotioun vun der Gläichstellung an der Diversitéit“ vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit. Dëse Site déngt als Entrée an d’Matière an als interaktive Guichet fir den Austausch vu bewäärte Methode fir d’Stäerkung vun der Gläichstellung vun de Geschlechter op lokalem Niveau.

WIE SI MIR?